E Méindeg an en Dënschdeg de Moien duerften 530 Mënschen un der Grenz tëscht Lëtzebuerg a Rheinland-Pfalz ëmdréinen, am Saarland waren et 150 Persounen. Et muss een e Grond hunn, fir dierfen iwwert d'Grenz ze fueren. Esou huet déi däitsch Police a Méindeg an en Dënschdeg de Moien eleng eng 630 Persounen net iwwert d'Grenz mam Grand-Duché gelooss. Dës Grenze sinn aktuell just op, fir Pendler, fir de Wuerentransport a fir Handwierksbetriber, déi en Optrag op der anerer Säit vun der Grenz hunn.
En Dënschdeg de Moie ware schonn däitlech manner Leit ënnerwee, huet et vun engem Spriecher vun der Police aus dem Saarland geheescht. Vill Bierger hätte sech schonn drop agestallt, datt si net méi iwwert d'Grenze kommen. D'Saarland huet dann och ugefaangen, méi kleng Stroossen, déi iwwert d'Grenz ginn, ze spären an esou de Verkéier iwwert d'Haaptachsen ze leeden. Et hätt een net genuch Personal, fir si op all Grenziwwergang ze postéieren, esou d'Erklärung.
Däitschland kontrolléiert aktuell och net just d'Grenze mat Lëtzebuerg, ma och Leit, déi aus Frankräich kommen, mussen domadder rechnen kontrolléiert ze ginn an eventuell mussen ëmzedréinen.