
De Chrëschtmaart an der Stad gëtt no de leschten zwee Joren erëm a senger gewinnter Form organiséiert. Am Hibléck op d’Energiekris huet d’Stad Lëtzebuerg awer missen ëmdenken.
Wéinst der Energiekris wäerten d’Luuchten dëst Joer manner laang ugemaach ginn. Zejoert hunn dës nach ganzer 19 Stonne laang gebrannt, also vu 6 Auer moies bis um 1 Auer an der Nuecht. Dat soll sech lo änneren, esou d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer:
“Dat limitéiere mer dëst Joer vun en principe 17 oder 16.30 Auer bis 11 Auer. Dat heescht nach just ëm déi 6 Stonnen. Dat ass also nach just een Drëttel vun der Zäit, wéi mer et bis lo gemaach hunn. An dëst Joer sinn och 100 Prozent vun deene Luuchten, déi mer do hänken hunn, sinn LED-Luuchten, bei deene mer wëssen, dass se net vill Energie brauchen.”
Duerch d’LED-Luuchten erwaart sech d’Stad Lëtzebuerg op d’mannst 30 Prozent manner Energie par Rapport zum Joer virdrun ze verbrauchen. Am grousse Ganze sollen iwwer 1.100 Dekoren agesat ginn. Dat si ronn 430.000 Liichtercher. Grad an der däischterer Joreszäit wéilt een net op d’Luuchten an déi schéin Atmosphär verzichten.
Ganzer 1,2 Millioune Leit wieren d’lescht Joer um Chrëschtmaart gewiescht. Fir dëst Joer erwaart d’Stad sech, datt dës Zuel nach weider klëmmt. Dëst, well d’Covid-Situatioun sech entspaant hätt an och well et ebe keng Restriktioune méi géinge ginn, esou den CSV-Schäffe Serge Wilmes.
“Eis Zuele beleeën dat, mer ziele jo och de Flux vun de Leit an der Stad, déi duerch d’Akafsstroosse ginn, datt nees vill méi Leit an der Stad sinn, et gesäit een och selwer, et sinn och erëm méi Touriste komm, dat sinn och déi Retouren, déi mer vun de Geschäftsleit kréien. Sou dass mir dovunner ausginn, dass et dëst Joer nees méi een normaalt Chrëschtdagsgeschäft wäert ginn.”
Och dëst Joer gëtt erëm de sougenannten “Winterkids” um Haff vum ale Kolléisch organiséiert. Op der Kinnekswiss wäert et dës Joer keng Schlittschongpiste ginn, dofir awer aner Attraktiounen.
D’Winterlights-Beliichtung gëtt et dëst Joer vum 18. November bis den 8. Januar ze gesinn.