Äispist op der Kinnekswiss"Winterlights" an der Stad sinn zanter e Freideg op

Jeannot Ries
Zanter e Freideg de Mëtteg richt et an der Stad nees no Chrëschtdag - d'"Winterlights" sinn elo offiziell op.
Aweiung Äispist Winterlights (Rush only)
E Freideg gouf d'Äispist an der Stad ageweit.

Iwwerdeems an Éisträich oder och an Däitschland dat ëffentlecht Liewe covid-bedéngt nees a wäite Beräicher op e Minimum erofgefuer gëtt, ass de Freideg de Mëtteg de Chrëschtmaart an der Stad nees ugaangen - wann och ënner strenge Reegelen.

D'Winterlights bréngen d'Stad Lëtzebuerg an Adventsstëmmung. Vum Niklosmaart op der Paräisser-Plaz, iwwer de Wantermaart bei der Gëlle Fra bis de Chrëschtmaart op der Plëss. Et richt nees no Glühwäin a Gromperekichelcher.

Déi 800 Meter Carré grouss Äispist gouf dëst Joer op d'Kinnekswiss verluecht. Am Ganze ginn op néng Sitte verschidden Attraktiounen ugebueden. Grouss a Kleng sollen no enger staark reduzéierter Editioun 2020 dëst Joer nees bis den 2. Januar op hir Käschte kommen. Ënnert der Bedéngung, datt d'Visiteuren d'Reegele vum CovidCheck anhalen, also geimpft, nees gesond oder getest sinn. Tester ginn iwwregens keng op der Plaz selwer ugebueden.

Fannt hei de komplette Programm vun der Winterlights 2021.

Back to Top
CIM LOGO