StatecWirtschaft huet sech am drëtten Trimester däitlech erholl

RTL Lëtzebuerg
Beim reelle Bruttoinlandprodukt gouf par rapport zu den 3 Méint virdrun ee Plus vun 9,8 Prozent notéiert.

Dat deelt de Statec e Méindeg de Moie mat. Dat zweet Trimester war staark vun der Pandemie markéiert.

Wann een d'Bruttoinlandprodukt an den eenzele Secteure par rapport zum 2. Trimester vum Joer 2020 kuckt, da gesäit een, dass den Ëmsaz vun de Finanzaktivitéiten an den Assurancen ëm 4,4 Prozent zougeholl huet.

Am Commerce, Transport, Hebergement a Restauratioun ass et e Plus vun 19,6 Prozent. Bei de Services aux entreprises et Location e Plus vu 6,7 Prozent.

© Statec

D'Immobilië registréieren e Plus vun 1,2 Prozent, d'Industrie, dozou gehéiert Energie a Waasser, schreift e Plus vun 23,2 Prozent, am Bau ass et e Plus vu 26,4 Prozent an an der Administratioun publique ass et e Plus vu 5,7 Prozent.

Den eenzege Minus gouf et am Secteur Informatioun a Kommunikatioun mat engem Minus vun 3,9 Prozent.

Am Verglach mam drëtten Trimester 2019 ass et beim PIB eng Hausse vun 0,5%.

PDF: Communiqué Statec

Back to Top
CIM LOGO