Affer vun Abroch"Wollt net gleewen, dass mir dat och geschéie kéint"

RTL Lëtzebuerg
Hierscht a Wanter si bekanntlech déi Joreszäiten, wou rëm méi Abriecher ënnerwee sinn. D'Affer hunn dacks net nëmme mat engem materielle Schuet ze kämpfen.

Bal all Dag liest ee vun Abréch an Haiser, Appartementer oder Kelleren. Am Joer 2022 goufe ronn 3.000 Fäll vun der Police registréiert. Dovunner waren 1.600 reusséiert Abréch an 1.400 Versich. D’Hallschent dovunner waren Abréch a Kelleren oder Garagen. Mä och Wunnenge bleiwe beléiften Ziler. Ëmmer nach menge vill Leit, dass d’Abriecher meeschtens an der Däischtert ënnerwee sinn. Dat ass awer net onbedéngt richteg. Déi meescht Abréch geschéien tëscht 10 Auer an 20 Auer. Also wann d’Leit schaffen an net Doheem sinn.

Och d’Jessica* ass viru kuerzem Affer vun Abriecher ginn. Eng Situatioun, déi d’Fra zimmlech matgeholl huet.

“Et war e Schockmoment”

D’Jessica war owes bei hirem Papp op Besuch. Wéi Si heemkënnt an d’Hausdier opmécht, mierkt si direkt, dass eppes net stëmmt. “Ech hu schonn am Gank gesinn, dass d’Tiräng op sinn a Saachen um Buedem leien.”

Uganks duecht d’Fra hiren Hond hätt eng gestiicht. Mä kuerz drop gesäit si, dass eng Auerekëscht am Gank läit, déi net dohi gehéiert. D’Jessica reagéiert direkt a leeft aus dem Haus, freet bei den Noperen ëm Hëllef a rifft d’Police. “Et war e Schockmoment. Ech hunn ugefaange mat kräischen. Ech wollt net gleewen, dass mir dat och geschéie kéint.”

Herno stellt sech eraus, dass d’Abriecher vun hannen duerch d’Kichendier erakoumen, wou si d’Dier mat manipuléiertem Geschier opgebrach hunn. Natierlech ass de materielle Schued fir d’Jessica net flott. Méi schlëmm wier awer den emotionale Schued, deen d’Abriecher ugeriicht hunn. “Et si vill Bijoue geholl ginn, déi wichteg Erënnerunge fir mechwaren.” Op der anerer Säit wier d’Fra awer frou, dass si net Doheem war, wou agebrach gouf. “Villäicht hätte si mech ugegraff... Et weess ee jo ni.”

D’Jessica huet sech elo eng Alarmanlag a Sécherheetskamerae bestallt, fir sech rëm méi sécher ze spieren. Dat sinn tatsächlech Utillen, déi d’Police recommandéiert.

Preventioun: Op wat soll een oppassen?

Dat wichtegst ass et, ëmmer all Fënsteren an Dieren zouzemaachen respektiv zouzespären, wann een d’Haus verléisst. Dat gëllt och fir d’Fënster op der Kipp am drëtte Stack. Och de Keller an d’Garage sollen ëmmer zou sinn. Wann een eng Alarmanlag huet, soll een dës och aktivéieren, wann ee just kuerz net doheem ass.

Dës Weidere soll ee ronderëm d’Haus oder d’Residence keng Leeder, kee Geschier oder Gaardemiwwele stoen hunn, déi Friemen en Abroch vereinfache kéinten. Wann een iwwert eng méi laang Zäit net do ass, soll ee seng Noperen doriwwer informéieren an et kann een op de Service "#secherVakanz” vun der Police zeréckgräifen.

Weider Tipps vun der Police fannt Dir hei.

*Den Numm gouf vun der Redaktioun geännert.

Back to Top
CIM LOGO