Maniff fir Recht op LogementWunnengskris zu Lëtzebuerg mécht rosen, sou den OGBL

Lynn Cruchten
Déi ganz Classe moyenne wier a Gefor, esou de Jean-Michel Campanella, President vun der ASBL Mieterschutz op der Demo e Samschdeg.
Maniff fir Recht op Logement
Déi ganz Classe moyenne wier a Gefor, esou de Jean-Michel Campanella, President vun der ASBL Mieterschutz op der Demo e Samschdeg.

"D'Wunnengskris zu Lëtzebuerg mécht rosen!" Dat sot d'Presidentin vum OGBL d'Nora Back e Samschdeg de Mëtten op der Manifestatioun fir d'Recht op Logement. D'Problematik huet eng 1000 Leit op d'Strooss bruecht. Dat géing weisen, dass de Problem net ze verstoppen ass.

D'Responsabilitéit géing ganz eendeiteg bei der Politik leien, esou d'Nora Back an hirer Ried. Der Spekulatioun wier nämlech ni eng Barrière gesaat ginn. Dowéinst sollt virun allem der Spekulatioun mam Buedem de Krunn zougedréint ginn.

Op der Demonstratioun, déi e Samschdeg an der Stad ass, hunn sech eng 20 Organisatiounen zesumme fonnt. Déi ganz Classe moyenne wier a Gefor, esou de Jean-Michel Campanella, President vun der ASBL "Mieterschutz".

Impressioune vun der Maniff an der Stad
Hei war et jo den Opruff vum OGBL fir sech géint de Wunnengsmaart am Grand-Duché ze wieren.

Obwuel d'Entrevue mam Logementsminister Henri Kox positiv verlaf wier, hätt een d'Gefill, dass d'Iwwerleeungen net wäit genuch ginn. Et géing een d'Logementsproblematik net couragéis genuch an och net séier genuch ugoen, esou de Mieterschutz an enger Ried.

PDF: Opruff zur Manifestatioun den 10. Oktober 2020 an der Stad

Back to Top
CIM LOGO