D’Iddi ass einfach. D’Life ASBL fungéiert als Intermediaire tëscht de Proprietären an de Locatairen. D’Locatairen hunn esou d’Méiglechkeet, a Wunngemeinschaften zu engem gënschtege Präis tëscht 300 an 600 Euro ze wunnen. «D’ASBL mécht dobäi d’Gestioun a këmmert sech ëm d’Wunnengen an ëm nei Locatairen, wann een ewechfält. De Proprietär ka sech drop verloossen, all Mount säi Loyer ze kréien», seet den Nico Theisen. Dëse wier zwar méi niddreg wéi de Marchéspräis, ma well et sech ëm Sozialwunnengen handelt, kënne 50 Prozent vum Benefice steierlech ofgesat ginn. Eng 210 Locatairë liewen antëscht an de 40 Wunnengen, déi duerch ASBL weiderverlount ginn. Dovunner handelt et sech bei 30 ëm WGen mat ënnerschiddleche Bestëmmungen. Hei wunnen zum Beispill Jonker tëscht 18 an 27 Joer, unerkannte Refugiéeën oder elengerzéiend Elteren. «Eng 450 bis 500 Leit stinn awer nach op der Waardelëscht», ënnersträicht d’Nathalie Reuland.
Well d’Locatioun esou gutt leeft, huet ee virun 3 Joer decidéiert, op eng nei Pist ze goen. Mat Subsidë vum Logementsministère an engem Prêt gouf en Haus zu Zolwer kaaft, wat grad nach renovéiert gëtt. «Am Abrëll kënnen hei eng 6 bis 7 jonk Leit eraplënneren», erkläert de Gary Diderich, vun der Life Asbl. Doriwwer eraus ginn nach dräi weider Haiser kaaft, an deenen ënnerschiddlech Projete solle realiséiert ginn.
Generell erhoffen déi Responsabel sech méi eng grouss Hëllef vun de Gemengen. «Mir hätte gären d’Subsiden an Héicht vun 2.500 Euro, déi d’Gemenge kréie fir Wunnengen, déi d’ASBL geréiert», betount de Gary Diderich. Domat kéint dann eng weider Persoun fir d’Gestioun agestallt ginn. Mat verschiddene Gemenge géing ee ganz kooperativ zesummeschaffen, anerer géingen aktiv géint de WG-Projet virgoen.