
Dat sot de Premier Xavier Bettel de Mëttwoch de Moien am Interview um Radio 100,7.
E Samschdeg war beim Corona-Protest gesonge ginn “De Bettel gëtt gehaangen op der neier, rouder Bréck”.
Dat wär denoncéiert ginn, huet de Xavier Bettel de Mëttwoch de Moien erkläert. Seng Ekippen hätte Videoen un de Parquet weiderginn an dee géif elo decidéieren, ob se eppes maachen, ob se poursuivéieren oder net.
D’Denonciatioun ass en Dënschdeg un de Parquet geschéckt ginn, krute mer aus dem Staatsministère confirméiert.
De Mëttwoch de Moie war nach näischt beim Parquet ukomm, hu mer op Nofro hi vun der Justiz gesot kritt. Nach ass deemno net decidéiert, ob dat Ganzt juristesch Suitte kritt oder net.