D’Memberschaft vu Lëtzebuerg an der EU an an der Nato wieren déi stäerkst Garantien, déi ee kéint hunn, fir de Fridden ze preservéieren. De Xavier Bettel sot, et géinge keng Zeeche ginn, datt et kéint zu enger Konfrontatioun tëscht Russland an der Nato kommen. “Mir wëlle kee Krich. Net hei, net an der Ukrain. Zil ass dat mënschlecht Leed ze stoppen”, sou de Premier. Et stierwen all Dag onschëlleg Leit an der Ukrain an et sinn Dausenden Awunner op der Flucht. Dofir misst eng Wafferou erreecht ginn, huet de Staatsminister gefuerdert.
Ausserdeem huet de Premier betount, datt hien houfreg op déi vill Ënnerstëtzung vun de Lëtzebuerger wier. 200 Leit aus der Ukrain si mëttlerweil am Grand-Duché ukomm oder nach ënnerwee op Lëtzebuerg. Och 20 Lëtzebuerger Residenten, déi an der Ukrain waren, goufe rapatriéiert.
Wien de Krichsflüchtlingen hëllefe wëll, ka sech via Hotline (+352 621 796 780) oder E-Mail (ukraine@zesummeliewen.lu) mellen.
Zum Schluss war et nach emol den Appell vum Xavier Bettel, och Solidaritéit mat de russesche Bierger ze hunn, déi net mam Krich averstane sinn. Mir däerfen net an eng “Russophobie” falen, sot de Premier.
