Sanitär Kris gutt iwwerstanenYuriko Backes: D'Staatsfinanze riskéieren, massiv ënner Drock ze geroden

Roy Grotz
No den éischten 3 Méint vum Joer zitt d'Finanzministesch Yuriko Backes e virsiichteg positive Bilan vun de Staatsfinanzen.

Bilan Staatsfinanzen / Reportage Roy Grotz

Ëm d’Finanzen an d’Repercussioune vun der Präisdeierecht goung et e Méindeg am Regierungsrot.

An der Woch virun den 1.-Mee-Manifestatioune goufen déi 2 éischt Après-Tripartite-Gesetzer ugeholl, grad wéi och den nationale Wuesstems- a Stabilitéitspak, deen e Mëttwoch an der Chamber virgestallt gëtt. Och d’Staatsfinanze goufen awer e Méindeg an der Chamberkommissioun beliicht.

An do zitt d’Finanzministesch Yuriko Backes nom éischten Trimester a matten am Ukrain-Krich e virsiichteg positive Bilan vun de Staatsfinanzen. Dës hätte sech vun der sanitärer Kris erholl a géife weise, wéi resilient déi Lëtzebuerger Wirtschaft wier, esou d’Ministesch an den zoustännege Chamberkommissiounen.

Mat de Käschten, déi d’Tripartite-Accorden an den Energiedësch mat sech bréngen, géif de Solde vum Zentralstaat awer déi nächst Méint massiv an d’Gette goen, sou de Finanzministère a senger Analys.

Den Zentralstaat huet bis Enn Mäerz 6,1 Milliarden Euro u Recette verbucht. Dat si gutt 13 Prozent méi wéi zejoert ëm déi selwecht Zäit. D’Ventë vum Diesel ginn iwwerdeem erof, déi vum Super-Bensin ginn erop. D’Ausgabe bleiwen dogéint stabel bei ronn 5,3 Milliarden Euro.

Ënnert dem Stréch klëmmt de Solde vum Zentralstaat bannent engem Joer vu 56 op bal 760 Milliounen Euro, eng Momentopnam awer nëmmen.

Wéinst dem Remboursement am Mäerz vun engem sougenannten “Emprunt obligataire” geet d’Staatsschold ëm ronn eng Milliard erof, fir sech aktuell op knapp 17 Milliarden ze chiffréieren. Dat si bal 24% vum PIB, woumat Lëtzebuerg weider ënnert dem fixéierten 30%-Plaffong bleift an och déi klengste Schold an der Eurozon huet, ausser Estland.

Wéi gesot, schéngen dës Chifferen aktuell all positiv, mee wéinst der Suite vum Ukrain-Krich an dem Inflatiounsdrock ass dermat ze rechnen, datt d’Staatsfinanzen ewell d’nächst Trimester ganz anescht do stinn.

Dës Woch geet nach vill iwwer Finanzen an der Chamber Rieds, mat e Mëttwoch der Presentatioun vum Stabilitéitspak, deen op Bréissel geschéckt gëtt an dann en Donneschdeg den Debat heiriwwer.

Back to Top
CIM LOGO