
Bei der Kontroll tëscht Recken a Bruch huet sech erausgestallt, dass de Chauffer ze vill gedronk hat. En Alkoholtest huet dëst confirméiert. De Mann krut de Permis ofgeholl an e Protokoll.
Ma och zu Esch a Wuermer goufen e Samschdeg, respektiv an der Nuecht op e Sonndeg, eng Partie Fürerschäiner wéinst Alkohol um Steier agezunn.
Da mellt d’Police nach en Abroch an en Eefamilljenhaus zu Sandweiler. Onbekannter hate sech duerch eng hënnescht Dier Zougang zum Haus verschaaft, wou si sämtlech Raim duerchwullt hunn. Et gëtt ermëttelt.
Ma och zu Mutfert an an der Stad koum et e Samschdeg zu Abréch.