Police hëlt Chauffer festZe séier, ouni Fürerschäin a Versécherung, dofir mat Drogen ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg géint 19.30 Auer ass enger Policepatrull een Auto an der Rue d'Audun zu Esch opgefall.
© RTL-Archiv

D’Beamten hu Cannabis aus dem Auto geroch, wou si de Chauffer kontrolléiert hunn. De Mann hat ausserdeem kee Fürerschäin. No weideren Ermëttlungen huet sech erausgestallt, datt den Auto och net verséchert war an de Chauffer keng valabel Steiervignette virweise konnt.
Op Uerder vum Parquet gouf den Auto saiséiert an de Chauffer gouf festgeholl. E provisoresche Fuerverbuet gouf nach dru gehaangen. Bei enger Kierperduerchsichung goufe beim Bäifuerer ausserdeem Droge fonnt a séchergestallt. Hie gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO