
D'Police mécht en Zeienopruff. Zu Iechternach hätten an der Nuecht op e Sonndeg um 1.20 Auer Jugendlecher op engem Chantier an der Géigend vun der Gare randaléiert a fir Schued gesuergt. 21 Autoe goufe beschiedegt, zum Beispill goufe bei enger Rei d'Spigelen erofgerappt. Informatioune si fir d'Police vun Iechternach um +352 244 72 1000.
D'Police huet dann op der Gare e presuméierten Drogendealer festgeholl, heescht et am offizielle Schreiwes. De Mann wier fortgelaf, wéi d'Police hie kontrolléiere wollt, an hätt ongeféier 7 Gramm Kokain falegelooss. De Mann kënnt nach um Sonndeg virun den Untersuchungsriichter.
No engem Abroch an engem Buttek an de Moiesstonnen um Sonndeg an der Rue Chimay an der Stad konnt de presuméierten Täter kuerz drop fonnt ginn, och hie kënnt virun den Untersuchungsriichter.
Dann hunn 159 Chauffeure bei 3 Kontrollen an der Stad misse blosen, 16 haten ze vill Alkohol am Blutt, 7 kruten e Protokoll, néng Mol ass den Dossier un de Parquet weidergaangen an dräi Führerschäiner waren op der Plaz fort.
E weidere Führerschäin gouf agezunn vun enger Automobilistin, déi sech um Samschdeg den Owend no engem Accident an der Areler Strooss zu Mamer duerch d'Bascht gemaach hat an duerno doheem fonnt gouf, och si hat ze vill gedronk. Beim Accident hat sech d'Nummereschëld vum Gefier geléist, wouduerch et fir d'Beamten einfach war, d'Fra ze fannen.
D'Police gouf dann nach bei de Centre hospitalier geruff, wéinst enger ganz aggressiver, staark alkoholiséierter Fra. Ssi hätt esouwuel d'Beamtin vun der Police wéi och en Infirmier mam Fouss gerannt. Si koum op de Büro, fir sech ze berouegen a géint si gouf Plainte gemaach.*+