PoliceZeienopriff no Tëschefäll zu Esch an zu Alzeng

RTL Lëtzebuerg
Zu Esch koum et e Freideg géint 21 Auer zu engem Sträit tëschent engem Buschauffer an 3 Jugendlechen, deen an enger Kläpperei ausgeaart ass.

De Buschauffer gouf dobäi blesséiert. Informatioune si fir d’Police zu Esch.

An deem 2. Fall geet et ëm eng Persoun, déi sech e Freideg den Owend géint 21 Auer zu Alzeng duerch d’Bascht gemaach huet, nodeems se geblëtzt gouf.

De Chauffer vun engem donkelgroen Audi mat Lëtzebuerger Placken huet d’Opfuerderung vun de Beamten ignoréiert, fir stoen ze bleiwen, an ass Vollgas a Richtung Hesper fortgefuer. Eventuell Zeie solle sech bei der Police zu Hesper mellen.

D’Police huet e Freideg iwwerdeems eng Persoun op der Gare gepëtzt, géint déi en Haftbefeel virlouch.

An der Nuecht op e Samschdeg kruten 2 Chaufferen de Führerschäin ofgeholl, déi ze vill gedronk haten an duerch hire Fuerstil opgefall sinn.

Back to Top
CIM LOGO