Motocyclist huet net iwwerlieftZeienopruff no déidlechem Accident tëscht Wecker/Schorenshaff

RTL Lëtzebuerg
Den 2. Juni ass e Motorradsfuerer aus bis ewell ongekläerte Grënn accidentéiert a gouf dobäi liewensgeféierlech blesséiert.
© Police

Tëscht Wecker an dem Schorenshaff huet de Motocyclist géint 18 Auer d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer, ass doropshi gefall a gouf widder e Pneu vun engem Trakter geschleidert, dee laanscht d’Strooss stoung.

De 56 Joer ale Motorradsfuerer aus Lëtzebuerg ass den Dag drop u senge Blessure gestuerwen.

D’Police sicht elo no Zeien, fir erauszefannen, wéi et zum Accident komme konnt. Gesicht ginn ënnert anerem déi zwee Automobilisten, déi kuerz virum Accident hannert dem Motorrad gefuer sinn. All Infoe si fir d’Police Museldall ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 70 1000 oder via Mail op police.museldall@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO