
Dat Ganzt hat sech um 8.40 Auer moies zougedroen. D’Police sicht an dësem Zesummenhang no Zeien. Wien Informatiounen iwwert den Accident huet, ass gebiede sech bei der Stater Police ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 40 1000 oder via Mail.
Iwwerdeems krut d’Police géint 23.40 Auer en Donneschdeg den Owend e Mann gemellt, dee sech geweigert hat de Parking vum Akafszenter um Kierchbierg ze verloossen an d’Sécherheetsbeamte mat engem Messer menacéiert hat. D’Poliziste konnten de Mann op der Plaz stellen an d’Messer saiséieren. Well de Mann staark alkoholiséiert war, koum hien an den Arrest.
Scho géint 18.15 Auer en Donneschdeg hat en Abriecher sech duerch eng Hannerdier Zougang vu engem Haus an der Rue des Pommiers an der Stad verschaaft. Hie war geflücht ewéi ee vun de Bewunner vum Haus heem komm ass. D’Police huet eng Enquête an d’Weeër geleet an d’Spueresécherung war op der Plaz.