E Mëttwoch géint 11 AuerZeienopruff no Farerflucht zu Rued-Sir

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht no Zeien, nodeems e Chauffer den 21. Dezember am spéide Moien zu Rued-Sir sollt gestoppt ginn, well hien ze séier ënnerwee war.
© RTL Archivbild

De Mann huet op de Gas gedréckt amplaz stoen ze bleiwen an ass mat nach méi héijer Vitess a Richtung Nidderaanwen fortgefuer. Dobäi huet hie kuerz virum Agang vun der Uertschaft trotz Verbuet e puer Gefierer iwwerholl. Nach ëmmer vill ze séier, wéi d’Police präziséiert.

An deem Zesummenhang ginn Zeie gesicht, déi de Virfall beobacht hunn, respektiv iwwerholl goufen oder eventuell Informatiounene zu de Placke vun deem Auto hunn.

Beim gesichte Gefier handelt et sech ëm e brongen oder brong-groen Audi S4 oder RS4, rezent Baujoer, mat Lëtzebuerger Placken mat enger fënnefstelleger Zuelekombinatioun.

Sämtlech Zeie solle sech um Service régionale de police de la route vu Gréiwemaacher um Nummer (+352) 244704702 oder (+352) 244101701 mellen.

Täter geflücht no Abroch zu Peppeng

E Mëttwoch am Nomëtteg koum et der Police no zu engem Abroch an en Haus an der Rue Haute zu Peppeng. Dobäi hunn d’Bewunner zwee Täter iwwerrascht, déi deen Ament grad an den Ofstellraum agebrach waren. Béid Männer hu sech an zwou ënnerschiddlech Richtungen ewechgemaach. Eng gréisser Sichaktioun hat kee Succès. D’Spueresécherung vun der Police gouf op d’Plaz geschéckt an d’Ermëttlunge lancéiert.

Ëffentlech de Batti gestallt

An der Stroossbuerger Strooss an der Stad gouf géint 20.45 Auer e Mann gemellt, dee staark alkoholiséiert war. Hie konnt vun de Beamten ausgemaach ginn an huet sech immens aggressiv verhalen. Well hien eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, gouf decidéiert, de Mann no enger Ënnersichung duerch en Dokter an Arrest ze setzen.

Kuerz virdru gouf nach en anere Mann gemellt, deen op der Place de la Gare randaléiert géing. Hie gouf mat op de Policebüro geholl, wollt sech awer och do net berouegen. Dowéinst koum och hien an Arrest, nodeems e vun engem Dokter gesi gi war.

Back to Top
CIM LOGO