PoliceZeienopruff no Kierperverletzung zu Déifferdeng an no Farerflucht zu Dikrech

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend koum et zu engem brutalen Iwwerfall an e Méindeg den Owend hat e Chauffer sech no engem Accident ewech gemaach.

Géint 19.30 Auer e Sonndeg waren 3 Männer op der Héicht vun engem Café an der Rue Michel Rodange zu Déifferdeng vun engem Grupp vun ongeféier 10 bis 15 jonke Männer ugegraff a geschloe ginn. D’Täter konnten no der Attack onerkannt flüchten. E geklaute Portefeuille gouf spéider erëmfonnt. D’Affer koumen an d’Spidol.

Eventuell Zeie solle sech bei der Police vun Déifferdeng um (+352) 244 53 1000 oder per E-Mail op Police.DIFFERDANGE@police.etat.lu mellen.

Och bei engem zweete Virfall e Méindeg den Owend sicht d’Police no Zeien. Géint 21.55 Auer war en Automobilist op der Héicht vun engem Hotel an der Avenue de la Gare zu Dikrech an eng Stroosseluucht gerannt, déi duerno an d’Strooss gefall ass. De Chauffer, deen éischten Informatiounen no mat engem rouden Auto ënnerwee war, huet sech dono an eng onbekannte Richtung duerch d’Bascht gemaach.

Wann een eppes gesinn huet, soll e sech bei der Dikrecher Police um (+352) 244 80 1000 mellen oder per E-mail op Police.DIEKIRCHVIANDEN@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO