
D’Rettungsdéngschter an d’Police hunn de Mann mat enger bluddeger Schnëttwonn op ëffentlecher Strooss virfonnt. Éischten Informatiounen no wier d’Affer no enger verbaler Ausernanersetzung mat op d’mannst zwee anere Männer vun dësen ugegraff ginn. D’Täter konnten no der Attack onerkannt flüchten. No enger medezinescher Éischtversuergung koum de Mann an d’Spidol fir noutoperéiert ze ginn.
Am Kader vun enger schwéierer Kierperverletzung, sinn Zeie gebieden, sech bei der Police op der Gare ënnert der Nummer (+352)244 40 1400 oder iwwert de Mail police.LUXEMBOURG@police.etat.lu ze mellen.