
En Automobilist, dee vu Schiere koum an ënnerwee a Richtung Angelduerf war, hat aus bis ewell nach ongekläerter Ursaach d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer a war mat dësem vun der Strooss ofkomm. De Won hat sech doropshin iwwerschloen a war op der Säit am Rampli leie bliwwen. D’Bäifuererin gouf dobäi schwéier blesséiert.
Am Zesummenhang mat dësem Tëschefall sicht d’Police den Ament no Zeien. Wien Informatiounen iwwert den Oflaf vum Accident huet, ass gebieden, sech beim Policekommissariat Dikrech-Veianen ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 801 1000 oder iwwer Mail.