PoliceZeienopruff no Vandalismus zu Colmer-Bierg
An der Nuecht op e Sonndeg tëscht 3.30 a 4 Auer hunn Onbekannter um Busarrêt "Colmar Centre" an der Avenue Gordon Smith d'Glas vum Bushaischen zerstéiert.
An deem Kontext sicht d’Police vu Miersch elo no Zeien. All Informatioune kënnt Dir um (+352) 244 90 1000 oder per E-Mail: police.mersch@police.etat.lu un d’Police weiderginn.