
Tëscht e Mëttwoch 8. Februar an en Donneschdeg 9. Februar gouf laanscht d’Strooss um CR338, no der Uertschaft Léiler, direkt virum Dräilännereck, Sperrmüll deposéiert.
Änleche Fäll goufen et e Freideg den 10. Februar bei Bësch “Haargert” zu Wäiswampech an och zu Lausduer Sperrmüll ewechgehäit, deen natierlech net dohinner gehéiert.
Wien Informatiounen an deem Kader huet, soll sech bei der Police vun Ëlwen um (+352) 244871000 oder iwwer Mail op police.troisvierges@police.etat.lu mellen.