PoliceZeienopruff wéint Portmonni-Déif op der Esplanade um Freideg

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht no Zeien. Um Freideg géint 17.30 Auer krut zu Dikrech op der Esplanade e Mann säi Portmonni geklaut.

Een Onbekannten hat d'Affer gefrot, fir dierfen een Appell mam Handy vum Mann ze maachen. Dee wollt dat awer net. Doropshin huet déi opdrénglech Persoun un der Jackett vum Mann gezunn an dunn ass de Portmonni erausgefall. Den Onéierlechen huet sech en direkt geholl an ass dunn fortgelaf.

De presuméierten Täter hat eng däischter Hautfaarf, krauselegt mëttellaangt Hoer, war tëscht 20 an 30 Joer al an huet schlecht Franséisch an Englesch geschwat. All Informatiounen si fir d'Police vun Dikrech.

Back to Top
CIM LOGO