
Gewuer ze ginn ass ënnert anerem, datt am Laf vum Joer 2025, 6.439 Puppelcher hei am Land op d'Welt komm sinn.
Den Duerchschnëttsalter läit aktuell bei 39,5 Joer fir männlech Residenten a bei 40,9 bei de Fraen.
2.604 Koppelen hu sech bestuet, 1.367 gescheet.
Am Räichste sinn d'Awunner vun Nidderaanwen. Do läit d'Median-Akommes pro Kapp nämlech bei iwwer 7.000 Euro de Mount an et sinn aktuell eppes méi wéi 461.000 Autoen zu Lëtzebuerg ugemellt.