Hausse vu bal 7%Zejoert goufen 21 Milliarden Euro Steierrecettë verbucht

Roy Grotz
De Statec hält am Konjunktur-Bulletin fest, dass warscheinlech am Februar eng nächst Indextranche declenchéiert gëtt.
© Statec

De Staat lieft duerch d’Steier-Recetten, an déi Source huet och d’lescht Joer duerch d’Inflatioun gespruddelt. Esou goufen zejoert 21 Milliarden Euro Steierrecettë verbucht, dat ass eng Hausse vu 7%.

2021 waren dës Recetten esouguer ëm 16% exzeptionell geklommen - fir dëst Joer geet de Statec just nach vun enger Hausse vu ronn 5% aus.

Fir zejoert schätzt de Statec d’Hausse vum PIB op e Plus vun 1,7%, fir dëst Joer op 1,5%.

Am Verglach: 2021 waren dat 5%.

Deen déckste Plus an de Staatskeese gouf et zejoert bei den TVA-Recetten, mee och d’Steieren, déi d’Stéit bezuelen an d’sozial Cotisatiounen sinn ëm en Zéngtel an d’Luucht gaangen.

D’Recetten duerch d’Taxe d’Abonnement, déi op Fongen an aneren Placementsprodukter bezuelt gëtt, a via d’Accisen op Pëtrol an Tubak hunn dogéint zejoert stagnéiert. Dat selwecht gëllt fir d’Betribssteieren.

Dës Chifferen hält de Statec a sengem rezente Konjunktur-Bulletin fest, wou nach emol confirméiert gëtt, datt warscheinlech am Februar eng nächst Indextranche declenchéiert gëtt.

An deem Bulletin heescht et och, datt sech d’Präisser um Wunnengsmaart wäerte berouegen, och wa se sech op engem ganz héijen Niveau géife stabiliséieren.

Méi “däischter” wier d’Situatioun fir de Bausecteur, wou eleng am Oktober ëm 8% manner gebaut gouf.

PDF: Konjunkturflash Januar 2023

Back to Top
CIM LOGO