StatecZejoert hunn 200.721 Frontalieren zu Lëtzebuerg geschafft

RTL Lëtzebuerg
Wéi gesäit den Impakt vu Frontalieren an der Balance des paiements aus? Mat där Fro huet sech Statec an der neier Editioun "Regards" ausenaner gesat.
© Eurostat/Statec

Zejoert gëtt bei der Remuneratioun vu Frontalieren en Defizit vun 10,3 Milliarden an der Balance notéiert. Op der aner Säit sinn déi vun dëse Salariéë bezuelte sozial Laaschten 154 Millioune méi héich wéi déi bezuelte Prestatioune fir d'Net-Residenten. 2019 goufe knapp 40 Millioune Chômage-Indemnitéiten u Leit aus eisen dräi Nopeschlänner iwwerwisen. Bei de Studentenhëllefe waren et 26,7 Milliounen.

Frontalieren an der EU

Wien an engem EU-Memberstaat schafft, mä an engem anere lieft an all Dag (oder op d'mannst 1 Mol an der Woch) zeréckfiert, gëllt dem EU-Recht no als Frontalier. Nieft dem Grand-Duché zielen och d'Schwäiz, Däitschland an Holland vill Grenzgänger ënnert hire Salariéen.

© Eurostat/Statec

Bannent der EU sinn et am meeschte Fransousen, déi net an hirer Heemecht schaffen, mä am Ausland. Op Plaz 2 kommen déi Däitsch an op Plaz 3 d'Belsch. Nawell vill Frontaliere liewen iwwerdeems an Italien.

© Eurostat/Statec

Méi Grenzgänger bannent de leschte 4 Joer

Tëscht de Joren 2005 an 2019 ass d'Zuel vu Grenzgänger, déi zu Lëtzebuerg schaffen, all Joer ëm ronn 3,9% geklommen. Bannent de leschte 4 Joer gouf et eng däitlech Hausse vu 4,3% an der Moyenne. 2019 war et esouguer e Plus vu 4,6% Frontalieren an engem Joer.

E bësse méi wéi d'Hallschecht vun de Salariéen, déi hei eng Aarbechtsplaz hunn, awer am Ausland wunnen, kommen aus Frankräich. Dës Zuel ass tëscht 2005 an 2019 stabel bliwwe mat 52%. Bei den däitsche Grenzgänger gouf an deem selwechten Zäitraum e Plus vun 22% op 24% registréiert, bei de Belsch allerdéngs e Minus vu 27% op 24%.

© Statec

An Zuelen ausgedréckt sinn dat 200.721 Persounen aus eisen 3 Nopeschlänner, déi an de Grand-Duché schaffe kommen.

Joresakommes manner héich bei franséische Frontalieren

D'franséisch Grenzgänger verdénge ronn 10.400 Euro pro Joer manner wéi déi aus der Belsch a leie knapp 8.700 Euro ënnert dem Joresduerchschnëttsakommes vun den däitsche Frontalieren.

Dëst erkläert sech duerch d'Secteuren, an deenen déi concernéiert Leit täteg sinn. Anescht wéi d'Frontalieren aus Däitschland an der Belsch schaffen zum Beispill vill franséisch Grenzgänger am Beräich vum Horesca oder dem Commerce.

© Statec

PDF: Statec

Back to Top
CIM LOGO