Asyl- a MigratiounszuelenZejoert hunn iwwer 1.100 Persounen zu Lëtzebuerg Asyl ugefrot

Pit Everling
Den Ausseminister Jean Asselborn huet e Méindeg de Moien d'Asyl- a Migratiounszuele vun 2020 presentéiert.
2020 hunn iwwer 1.100 Persounen zu Lëtzebuerg Asyl ugefrot
Den Ausseminister Jean Asselborn huet e Méindeg de Moien d'Asyl- a Migratiounszuele vun 2020 presentéiert.

Zejoert goufen zu Lëtzebuerg bedeitend manner Asyldemandë gestallt ewéi déi Jore virdrun, de Grond fir dës Evolutioun ass d'Coronakris.

Zuele Migratioun/Reportage Pit Everling

Am Coronajoer 2020 hunn 1.167 Persounen zu Lëtzebuerg Asyl ugefrot, 2019 waren et der bal duebel souvill. Am Januar 2021 hu 67 Persounen eng Demande eragereecht. Wéinst der Pandemie hunn d'Mënsche sech bedeitend manner deplacéiert. Déi meeschten Asyldemandë koume vu Leit aus Syrien, nämlech 306. 188 Persounen aus Eritrea a 95 Afghanen hunn zejoert Asyl gefrot.

"Donieft hu mer 21 Leit aus Griicheland vu Moria opgeholl. Mir hunn, fir Griicheland ze entlaaschten, 43 Leit iwwer d'Dublin-Prozedur hei gehalen. Bei 74 anere Leit, déi aus Griicheland koumen, wier een eigentlech net zoustänneg gewiescht, ma et wieren do Fraen a Kanner implizéiert gewiescht."

80 Leit koumen am Kader vun der Dublin-Prozedur op Lëtzebuerg. 113 goufen der vum Grand-Duché erfort an aner Länner transferéiert. Am Ganzen hu 47 "mineurs non-accompagnés" eng Demande gestallt.

"Wéi an anere Länner gëtt et do ëmmer rëm d'Phänomen, datt Leit, déi méi al sinn, sech als Mineur ausginn. 2020 hu 6 Kontrolle misste beim Dokter gemaach ginn. A 5 Fäll huet et sech ëm Majeurë gehandelt."

D'Zuel vun Demandeure vum Balkan wier däitlech zeréckgaangen, sou den Immigratiounsminister Asselborn. Am Ganze gouf bei 736 Persounen de Statut vum Refugié unerkannt. Et goufen zejoert 359 Refusen an 220 Retouren, déck 2/3 dovunner ware fräiwëlleg. Lëtzebuerg huet e Solidaritéits-Optrag, et mécht ee méi wéi vill aner EU-Länner, sou den Immigratiounsminister.

"Mir ginn eist Bescht am Ministère, der ONA, Croix-Rouge, Caritas a villen ONGen, fir net laanscht de Misär, deen et a Saachen Migratioun an Asyl gëtt, ze kucken."

Am meeschten op Lëtzebuerg immigréiert, sinn zejoert iwwregens Fransousen, dono kommen d‘Portugisen an dann d’Italiener. Bei den Net-EU-Länner sinn iwwregens d'Inder vir.

Wat Corona ugeet, sou géing ee ganz gutt mat der Santé zesummeschaffen. Et géif ganz vill getest ginn. Vu 5.270 Tester waren der 663 positiv. 10 Leit hu missten am Spidol traitéiert ginn. En Doudesfall gouf et net. Den Homeschooling an de Foyere géing klappen, sou de Jean Asselborn. Déi gutt 50 Foyeren am Land wieren zimmlech voll. De wonne Punkt wier d'Phas 3, sou de Minister. Et wier schwiereg, fir Logementer fir d'Leit ze fannen.

"Dat mécht mer am meeschte Suergen, schonn zënter Joren. Mat eise Logementsfakten zu Lëtzebuerg weess ech net, wéi mer dat séier sollen änneren."

Verschidde Leit wieren och stuer a wéilten d'Foyeren net verloossen, sou nach de Minister.

© Tom Zeimet

PDF: Statistik - Demande de protection internationale 2020

Back to Top
CIM LOGO