
1.126 Verkéiersaccidenter gouf et zejoert op de Lëtzebuerger Stroossen. Trotz dem Trafic, deen ëmmer méi zouhëlt, géif d'Zuel vun den Accidenter also relativ stabel bleiwen, schreift de Mobilitéitsministère e Freideg an engem Communiqué.
Vun de knapp 1.500 Leit, déi 2025 an Accidenter verwéckelt waren, goufen der 1.134 liicht blesséiert, 335 goufe schwéier verwonnt an 29 hunn net iwwerlieft, dorënner 8 Foussgänger. Dat ass eng däitlech Hausse géigeniwwer 2024, wéi et der 18 waren. Vëlosfuerer sinn net gestuerwen, mä d'Zuel vun de Schwéierblesséierten ënnert hinne klëmmt.
Grad d'Zuel u schwéieren Accidenter hëlt zou, firwat de Ministère och vun engem kontrasträiche Bilan schwätzt.
De Pourcentage u Persounen, déi alkoholiséiert en Accident haten, bleift mat 19% vun allen Onglécker leider relativ stabel, genee wéi och de Chiffer vu Leit, déi sech trotz dem Afloss vun Drogen hannert d'Steier gesat hunn a verongléckt sinn.