Wunnmarché zu LëtzebuergZënsen op Immobiliëprête mat fixem Taux bal een Drëttel an d'Luucht gaangen

RTL Lëtzebuerg
Bannent dem leschte Joer ass de Montant u geléinte Suen iwwerdeems liicht zeréckgaangen.

D’Zënsen op Immobiliëprête mat engem fixen Taux fir privat Stéit sinn am Mee dëst Joer op 2,05 Prozent geklommen. Domat ass den Taux bannent engem Joer ëm bal een Drëttel an d’Luucht gaangen. De Montant u geléinte Suen ass an där Zäit dann och liicht zeréckgaangen. Gläichzäiteg goufen eleng am Mount Mee ëmmer nach Prête mat fixem Zënssaz an enger Lafzäit vu manner wéi 10 Joer an Héicht vu 460 Milliounen Euro accordéiert. Dat mellt déi Lëtzebuerger Zentralbank en Dënschdeg, op Basis vu provisoreschen Zuelen aus dem Mount Mee.

Den Taux variable ass iwwerdeems nëmme liicht geklommen op 1,36 Prozent am Mount Mee.

Den Zënssaz fir Consommatiounskreditter mat enger Lafzäit tëscht 1 a 5 Joer ass am Mee op 2,89 Prozent geklommen. Trotz där Hausse ass de Montant un accordéierte Kreditter awer stabel bliwwen.

Back to Top
CIM LOGO