Lëtzebuerg a GroussbritannienZënter Brexit feelt et u reegelméissegen diplomateschen Echangen

RTL Lëtzebuerg
Den Ausseminister Jean Asselborn huet elo een éischte Schrëtt gemaach, fir dorun eppes ze änneren.
© MAEE

En Donneschdeg gouf nämlech eng Deklaratioun ënnerschriwwen, mat där eng gemeinsam Kooperatioun assuréiert gëtt. Déi zwee Ausseministeren Asselborn a Cleverly hu sech dofir zu London gesinn.

Viséiert ass eng Zesummenaarbecht a méi Beräicher, beispillsweis der Defense, der Wirtschaft, de Finanzen, der Energie, oder och an der Lutte géint de Klimawandel. Et wier wichteg, fir esou Accorden opzestellen, ëmmerhi géinge ronn 4.000 Britten am Grand-Duché liewe a ronn 1.800 Lëtzebuerger a Groussbritannien.

Back to Top
CIM LOGO