
5% an een Deputéierten, dat war de Score vun de Piraten bei de Walen 2018 am Zentrum. Dat Resultat soll bei de Chamberwalen dëst Joer verbessert ginn.
E Freideg am fréien Owend gouf d’Zentrumslëscht vun de Piraten dem Kongress virgestallt, eng Ekipp, déi mam déi mam Spëtzekandidaten-Duo Mandy Arendt a Sven Clement untrëtt.
Nieft der nei-gewielter Buergermeeschtesch an dem Deputéierte ginn 19 Kandidaten an d’Course, déi quasi alleguer nach net 2018 kandidéiert haten a fir déi d’Walen Neiland sinn.
Op der Piratelëscht am Zentrum ass zB den Hesper Conseiller Mathis Godefroid, den Affekot Gabriel Bleser oder och de Jerry Weyer, deen 2018 den Zweetbeschte war, an den Tommy Klein, dee politeschen Conseiller bei de Piraten ass.
Mat an d’Course ëm Stëmme ginn 10 Fraen an 11 Männer, woubäi d’Schülerin Lucy Agostini mat 18 Joer déi jéngst Kandidatin op der Piratelëscht ass, déi eng Altersmoyenne vun 41 Joer huet.
Op der Piratelëscht sinn och 5 Kandidaten, déi d’Duebel-Nationalitéit hunn.
Anescht wéi bei de leschte Chamberwalen, sinn den neigewielten Stater Conseiller Pascal Clement an d’Lucie Kunakova net méi bei de Piraten op der Lëscht.
Anescht och wéi et a politesche Kreesser spekuléiert gi war, geet de Sven Clement net am Norden mat an d’Walen, mee am Zentrum.
Bis Enn vum Mount presentéieren d’Piraten hir aner Lëschten, samschdes, den 22. gëtt d’Südlëscht public gemaach.