Institut Luxembourgeois de RégulationZesumme mat Operateure géint Fake-SMS, déi d'User Sue kaschten

RTL Lëtzebuerg
Eng SMS geet duer an et ass een e puer Euro lass. Deels emol ouni et ze wëssen, bis ee seng Handysrechnung kritt.
© AFP

Et gi jo Messagen, déi kaschten, deels ouni, dass de Client genee doriwwer Bescheed weess. Där Litigen hätt den Institut Luxembourgeois de Régulation zejoert ëmmer méi constatéiert.

Dofir hätt een och zesumme mat den Kommunikatiounsoperateuren u Mesurë geschafft, fir d’Clientë besser ze protegéieren an d’Reklamatiounen ze reduzéieren.

Um Site paymobile.lu kann ee sech driwwer informéieren, wéi sougenannt Premium SMSen funktionéieren. Um Site stopsms.lu kann ee kucken, bei wéi enge Servicer, déi kaschten, een abonéiert ass.

Ganz generell roden den ILR an de Ministère fir Konsumenteschutz de Leit, hir Telefonsnummer net op publizitären Internetsitten unzeginn, fir net gewollt Aschreiwungen z’evitéieren.

PDF: D'Schreiwes vum Institut Luxembourgeois de Régulation

Back to Top
CIM LOGO