Aus dem PolicebulletinZickzack zu Schëffleng a bei Wäiswampech

RTL Lëtzebuerg
2 Permisen huet d'Police an der Nuecht op e Sonndeg agezunn, well d'Chaufferen ze vill gedronk haten. Zu Nidderkuer gouf an eng Bensinsstatioun agebrach.

An der Rue du Moulin zu Schëffleng war e Chauffeur duerch säi Fuerstil opgefall. Bei enger Kontroll gouf festgestallt, datt hien ze vill gedronk hat an esou gouf de Permis agezunn. Ganz änlech ass et engem Chauffer tëscht Hengescht a Wäiswampech gaangen.

Zu Nidderkuer an der Avenue de la Liberté gouf an eng Bensinsstatioun agebrach. Den oder déi Täter hunn hei ënner anerem Zigarette geklaut.

Back to Top
CIM LOGO