Kritik u PAN-Bio 2030Ziler vu Bio-Aktiounsplang wieren ze niddreg ugesat

Claudia Kollwelter
D'Acteuren um Terrain hätte méi missen an d'Erstellung vum Bio-Aktiounsplang PAN-Bio 2030 agebonne ginn. Dat ass eng vun de Kriticke vum Mouveco an och d'Landwirtschaftskammer huet eng Rei Proposen.
© Envato IciakPhotos

De Bio-Aktiounsplang PAN-Bio 2030 gouf am Dezember vum zoustännege Ministère virgestallt. De Mouvement écologique no ass de Plang net ambitiéis a konkreet genuch. D’Landwirtschaftskammer ass allgemeng net onzefridden, huet awer och eng Partie Proposen.

Reaktiounen op Bio-Aktiounsplang / Reportage Claudia Kollwelter

Dem Blanche Weber vum Mouvement écologique no hätt de leschte Plang 2025 net den néidege Succès gehat. 20 Prozent vun der landwirtschaftlecher Notzfläch sollt bis Enn zejoert Bio sinn. Just 10 Prozent goufen erreecht. Amplaz e bessere Plang opzestellen, wieren d’Ziler einfach no ënne geschrauft ginn.

“Mer hunn déi 20 % bis 2025 net erreecht, da striewe mer, lo muss ee sech unhalen, bis 2030 just nach 15 % un. An dat ass jo wierklech en Nivellement vers le bas, deen an eisen Aen dramatesch ass.”

Sou niddereg unzesetzen, wier an den Ae vum Mouveco en dramatesche politesche Message. Fir de President vun der Lëtzebuerger Landwirtschaftskammer, Christian Hahn, weist den neie Plang, datt d’Ziler vum leschten ze héich gegraff waren:

Mir dinn dem Bio-Secteur net gutt, wa mer en ze séier wuesse loossen an de Marché hannendrun an d’Präisser net bezilt, well soss huet een e Betrib, dee sech vill méi gëtt, e gutt Bio-Produkt hierzestellen, och näischt dovun, wann en da kee faire Präis dofir kritt.”

Den neie Plang gesäit vir, datt alljoers ee Prozent Fläsch fir d’Biolandwirtschaft bäikënnt. Et wier schwiereg, et op d’Fläsch eleng ze moossen, seet de Christian Hahn:

“Et muss een et iergendzwousch bewäerten. D’Fläsch ass e Faktor, wou een et bewäerte kann, mee et muss een awer kloer gesinn, dass d’Fläsch e bësse schlechten Indikator ass, well een a sech net hannendrunner gesäit, wat vum Produkt rauskënnt.”

De Mouvement écologique bedauert, datt fir d’Erstellung vum Plang net mat den Acteuren um Terrain geschafft gouf, betount awer, datt et net ze spéit do wär, se bei der Ëmsetzung anzebannen. All d’Acteure wiere concernéiert a missten zesummeschaffen. D’Blanche Weber:

“Et feelt u Veraarbechtsstrukturen. Et muss ee mam Secteure schwätzen, an och mat den eelste Produzenten, jee nodeem, wat se produzéieren, wat brauchs du, fir an d’Veraarbechtung ze kommen, wéi kënne mer déi pushen? E gutt Beispill ass dat vum Supply for Future vum Educatiounsministère, a Restopolis. Fir d’Fleeschproduzente war dat eng immens Chance. Elo mengt ee jo, et hätt een eng kloer Uso an dësem Bioaktiounsplang, wou d’Landwirtschaftsministesch da seet, mir deelen dat elo op all ëffentlech Kantinnen aus. Mir hu jo Erfarung gemaach, och wann een d’Schoulen elo net ka mat Altersheemer vergläichen, mee Gronderfarunge sinn do. Elo gëtt nach eng Kéier gesot, dat wier eng gutt Saach. An dat géing ee weider suivéieren an et géing ee kucken, ob een dat ausbaut.”

Fir de Christian Hahn geet esou e Projet laang awer net duer, fir dat d’Betriber sech ëmstellen:

“Een, deen dee Wee geet an de Schrëtt mécht op d’Bio ëmzestellen, ob dat e komplette Betrib ass oder eng Deelëmstellung an enger Produktioun dann eeben, dee muss kucken, datt e seng Marchéë breet genuch opsetzt an a sech net nëmmen op den Supply for Future verléisst.”

Et wier souwuel dem Blanche Weber wéi och dem Christian Hanno wichteg, mam Secteur zesummenzekucken, konventionell Betriber ëmzestellen a se an der Berodung dofir ze motivéieren. Fir de Mouvement écologique feelt et awer am Plang un deenen Ambitiounen. D’Blanche Weber huet nach betount, datt am leschte Bioaktiounsplang d’Zil nach war, bis 2050 komplett op Bio gewiesselt ze hunn, am neie Plang ass net méi dovu riets an dat wier ze bedaueren.


Liest dozou och nach:

Back to Top
CIM LOGO