
Kuerz no 0.45 Auer war et zu enger Dampentwécklung komm an d’Rettungsekiope goufen alarméiert. D’Pompjeeë konnten d’Feier läschen a konnte verhënneren, datt d’Flamen op en zweet Gebai iwwergräifen. D’Strooss war wärend de Läschaarbechte fir den Trafic gespaart.
Wéi et spéider geheescht huet, hu sech am Gebai niewendrun, wat och eidel steet, zwou Persounen opgehalen, déi do näischt ze sichen haten.
Brandstëftung gëtt net ausgeschloss.