CGDISZu Beetebuerg huet eng Zuch-Lokomotiv gebrannt, zu Dikrech en Auto

RTL Lëtzebuerg
Bei béide Bränn gouf keng Persoun blesséiert, anescht war dat awer bei zwee Accidenter.
© RTL Mobile Reporter Raphael Linden

De CGDIS mellt an der Nuecht op e Mëttwoch géint 2.20 Auer e Brand an enger Zuch-Lokomotiv am Triage zu Beetebuerg. Dobäi ass awer kee blesséiert ginn. D’Pompjeeë vu Beetebuerg, Diddeleng an aus dem Réiserbann waren am Asaz.

D’Rettungsdéngschter vun Dikrech, Angelduerf an Tandel waren dann géint 6.35 Auer am Asaz, wéi zu Dikrech an der Rue Victor Muller-Frommes en Auto gebrannt huet. Och hei gouf kee blesséiert. Den Auto ass awer ganz ausgebrannt. De Brand soll op een technesche Problem zréckzeféiere sinn, enger éischter Analys no.

Ee Blesséierte gouf et dann en Dënschdeg den Owend géint 22 Auer op der RN26 tëscht Wolz a Noutem. Do ass en Auto am Gruef gelant. Eng Ambulanz an d’Pompjeeë vu Wolz waren op der Plaz. Eng weider Persoun gouf verletzt, wéi kuerz no 9 Auer en Auto an eng Camionnette net laanschtenee koumen, dat zu Helleng um Barerbierg. Hei waren d’Rettungsekippe vu Beetebuerg, Uespelt a Fréiseng op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO