
Doropshi gouf de Won ausgehiewelt an ass op der Säit leie bliwwen.
Informatiounen iwwert eventuell Blesséierter ginn et keng.
E Sonndeg um 11.33 Auer ass een Auto an Bam gerannt tëscht Hueschtert a Réiden. Eng Persoun ass derbäi verwonnt ginn.
E Sonndeg de Moien géint 8 Auer ass tëscht Remerschen a Schwéidsbeng en Auto an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert.
Géint 8.30 Auer ass zu Bieles an der Route d’Esch en Auto an e geparkte Won gerannt. Och hei ass ee blesséiert ginn, mellt de CGDIS.
E Samschdeg géint 17.10 Auer ass zu Munneref an der Rue Flammang en Auto an e Potto gerannt. 1 Persoun gouf verwonnt.
Géint 17.17 Auer ass zu Bouneweg an der Route de Thionville eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn. Och hei gouf et 1 Blesséierten.