
Si konnte sech op déi Manéier en Zougang zu engem Haus verschafen. Ee vun de Männer huet do no engem Glas Waasser gefrot, woubäi deen aneren d’Absence vun der Hausbesëtzerin ausgenotzt huet, fir e puer Géigestänn an eng gréisser Zomm Boergeld an de Raimlechkeete matgoen ze loossen. Dono si béid Täter geflücht.
Eng Sichaktioun war ouni Succès an et goufen Ermëttlunge lancéiert.