ZeienopruffZu Clierf gouf illegal Knascht entsuergt
RTL Lëtzebuerg
Tëscht 16.30 Auer d'leschte Freideg a 6.30 Auer e Méindeg de Moie goufen op engem Chantier tëscht Ischpelt a Klierf 132 Pneuen deponéiert.
Update: 09.12.2025 18:20
D’Police sicht an deem Kontext no Zeien. Wien am genannten Zäitraum verdächteg Persounen oder Gefierer op der Plaz gesinn huet, ass gebieden, sech beim Policekommissariat Ourdall ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 83 1000 oder via Mail.