Déifställ mat GewaltZu Esch an zu Clierf goufe Leit iwwerfall

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt eng Partie Déifställ bei deene Gewalt mat am Spill war.
© Police

Kuerz viru 15 Auer e Méindeg de Mëtteg war e Jugendlechen zu Esch-Belval vun dräi Schüler iwwerfall a menacéiert ginn. Dës haten hien dozou opgefuerdert, hinne seng Sacoche a seng Kopfhörer ouni Kabelen ze ginn. Si haten hien an der Rue du Swing op de Buedem gestouss a mat Féiss gerannt, bis hien hinnen déi gefuerdert Géigestänn ginn huet. Duerno ware si fortgelaf. Am Kader vun den Ermëttlunge konnten d’Polizisten zwee Verdächteger identifizéieren. Op Uerder vum Parquet gouf eng Perquisitioun bei hinnen doheem gemaach an déi geklaute Géigestänn goufe séchergestallt.

Ongeféier zur nämmlechter Zäit gouf e Jugendlechen zu Clierf op der Gare iwwerfall. Dräi onbekannten Täter haten hie menacéiert an him säi Portmonni ofgeholl. Am Kader vun den Ermëttlunge konnten d’Polizisten dräi verdächteg Persounen um Terrain vun engem Schoulgebai identifizéieren an de Portmonni bei hinne sécherstellen. De Parquet gouf informéiert an et gouf eng Plainte deposéiert.

Um 02.00 Auer en Dënschdeg de Moie gouf en Ugestallte vun engem Café an der Grand Rue zu Esch-Uelzecht vun zwee onbekannte Männer iwwerfall. Dat wéi hie grad dobäi war de Café zouzemaachen. Si haten him e Koffer aus der Hand gerappt a waren duerno an d’Rue du Faubourg gelaf. De Mann gouf beim Iwwerfall net blesséiert an huet eng Plainte deposéiert. D’Ermëttlungen an der Affär lafen.

Back to Top
CIM LOGO