Um MëttwochZu Esch gouf e Kand ugestouss, zu Betteng op der Mess e Jugendlechen

RTL Lëtzebuerg
An der rue Nelson Mandela zu Esch gouf e Mëttwoch géint 16 Auer e Kand ugestouss, dat mat enger Trottinette op d'Strooss gefuer war.

Eng Automobilistin konnt d'Kand net méi evitéieren. Glécklecherweis gouf d'Kand bei deem Accident just liicht blesséiert.

Géint 16.40 Auer du gouf zu Betteng op der Mess e Jugendlechen an der rue de Bruch ugestouss, wéi en tëscht 2 Busser iwwert d'Strooss wollt goen. En Automobilist hat keng Chance méi de Jugendlechen ze evitéieren an huet en liicht ze pake kritt. E koum fir eng Kontroll an d'Spidol, gouf awer just liicht blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO