CGDIS / PoliceZu Ettelbréck ass en Auto um Rond-point gelant, Chauffer hat gedronk

RTL Lëtzebuerg
Géint 20.45 Auer hat en Automobilist um Rond-point um Däich d'Kéier net kritt, huet e Bam mat ewech geholl an ass an uewendrop stoe bliwwen.
© Police

De Chauffer gouf liicht blesséiert. De Samu, grad ewéi d'Ettelbrécker Pompjeeën an Ambulanz waren op der Plaz.
Den Alkoholtest beim Chauffer war positiv an de Fürerschäin gouf agezunn.

Zu Fréiseng op der Lëtzebuerger Strooss ass géint 19.35 Auer en Automobilist an e Potto gerannt an ass einfach weider gefuer. Hie konnt awer eppes méi spéit um Schlammestee vun der Police gestoppt ginn. Den Automobilist huet refuséiert en Alkoholtest ze maachen. Hie gouf vun der Police op déi gesetzlech Bestëmmungen opmierksam gemaach an et gouf ee Fuerverbuet géint hie gesprach.

Zu Käerjeng hat et um 21.40 Auer an der Lëtzebuerger Strooss kuerz virum Rond-point Biff gerabbelt. Hei blouf et beim Materialschued. D'Pompjeeë vu Käerjeng an d'Ambulanz vun Esch waren op der Plaz.

Zu Mamer gouf géint 22.20 Auer en Automobilist gemellt, deen am Zickzack ënnerwee war. Eng Policepatrull konnt de Chauffer bei der Autobunnsausfaart A6 Wandhaff aus dem Verkéier zéien. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäin gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO