
Gutt 2.000 Leit wunnen an der Gemeng tëscht Ettelbréck a Mäerzeg am Kanton Dikrech. 6 Kandidaten hu sech fir d’Komplementarwalen opgestallt. Et sinn dat de Michel Goethals, de Yannick Jacques, d’Thérèse Kohn, de Charles René Ries, d’Flore Schank an de Charel Wagner.
D’Walbüroe si bis den Owend 18 Auer op.
De Gemengerot besteet aktuell aus folgende Persounen:
Mergen Fernand, Buergermeeschter
Hansen Alain, Schäffen
Wilmes Daniel, Schäffen
Bindels-Braun Tanja
Arend Guy
Pirsch Thomas
Hentges Georges.
Net méi dobäi sinn d’Mergen Christianne an d’Correia Miriam.