
Wien déi lescht Joren am Summer e bëssi méi reegelméisseg zu Hesper ënnerwee war, deem dierft déi oppe Schwämm vum Beach Club am Park ee Begrëff sinn. Ma dëst Joer huet d'Piscine awer mussen zoubleiwen, well opgefall ass, datt d'Gemeng guer keng Autorisatiounen hat, fir eng Schwämm ze bedreiwen. Elo stellt sech d'Fro, firwat dat jorelaang net opgefall ass a wéi et an Zukunft virugoe wäert.
2009 huet déi oppe Schwämm vum Beach Club am Hesper Park hir Dieren opgemaach. Dat war och dat eenzegt Joer, an deem d'Gemeng all déi néideg Autorisatiounen fir d'Bedreiwe vun esou enger Piscine hat, an zwar eng vun der Ëmweltverwaltung an eng vum Waasserwirtschaftsamt. Tëscht 2010 an 2014 hat ee just nach eng vum Waasserwirtschaftsamt an zanter 2015 guer keng méi. Dat ass mol net opgefall, wéi d'Schwämm 2018 ausgebaut gouf, mee réischt dat lescht Joer, wéi den Hesper Jugendzentrum der Gemeng matgedeelt hat, datt een net méi d'Schwammmeeschtere stelle wéilt. Elo ass d'Schwämm zou a wann et dem LSAP-Conseiller Mathis Godefroid nogeet, wäert et och dobäi bleiwen.
"Dat Allerbescht, wat ee lo kéint maachen, wär et, ofzerappen, well do si sou vill Saachen, déi musse geännert ginn, bon mir kucke lo, wat am Gemengerot nach weider kënnt. Déi Piscine läit an engem Iwwerschwemmungsgebitt, wann et do vill reent an Dir wësst, wéi dat zu Hesper ass, do sinn ëfters Iwwerschwemmunge bei Staarkreen mat der Uelzecht, do kann einfach Chlorwaasser an d'Uelzecht lafen."

Déi Gréng vun Hesper gesinn dat iwwerdeems e bëssi anescht. De Conseiller Stephen De Ron verlaangt vun der CSV-DP-Koalitioun, datt si elo alles mécht, fir datt d'Schwämm nees sou séier wéi méiglech hire Betrib ophuele kann. Wie fir déi aktuell Situatioun responsabel ass, wier iwwerdeems net sou ganz kloer.
"Wie lo déi Piscine ënnert sengem Portfolio hat vun de Responsabele vun der Gemeng, dorobber krute mir ni richteg eng Äntwert. Mir kruten nëmme gesot, dat wier ee fréiere Mataarbechter gewiescht, deen dann och an där ganzer Affär vun deem Skandal vun Hesper och seng Fanger mat am Spill hat. Et ass bëssi einfach dat ze soen, well ech mengen, et ass net de klengen Aarbechter, wou ee lo mam Fanger drop ka weisen."
Et sief op dëser Plaz drun erënnert, datt de Marc Lies vun 2009 bis 2025 Buergermeeschter vun Hesper war. Dono gefrot, wéini d'Schwämm nees opgoe kéint, wëllt sech déi aktuell Buergermeeschtesch Diane Adehm net ze vill wäit aus der Fënster leeën. Et wier een am Moment a Gespréicher mam Waasserwirtschaftsamt.
"Mir musse kucken, wat bei deenen Diskussioune mat der AGE erauskënnt, ob mer dat kënne konform setzen oder net, well mer wéi gesot an Tëschenzäit fix Infrastrukturen dohinner gebaut hunn, déi ni autoriséiert gi sinn, wou mer och keen Accord vun der AGE haten, fir dat deemools ze maachen. A mir musse lo einfach kucken, ob d'AGE eis seet, et geet duer, wann der iech konform setzt op Basis vun de Mesuren, déi de Büro proposéiert huet oder ob si eis soen, Nee, dat doten ass guer net konform ze setzen, dat musst der ewechrappen."
Sollt d'Schwämm wierklech net méi kënnen opgoen, wier dat op alle Fall extrem schued, well se vill genotzt gi wier, dat virop vu Famillje mat Kanner an och vu Maison-Relaisen. Déi Beléiftheet weist sech och doduerch, datt schonn Ufank Juni méi wéi 500 Leit eng Petitioun ënnerschriwwen haten, an där gefuerdert gëtt, datt d'Schwämm nees opgeet.

Ob déi ganz Affär juristesch Suitte kréie wäert, hänkt vum Waasserwirtschaftsamt of. Ob si et gutt géing fannen, datt ee Geriicht sech mam Sujet befaasst, op déi Fro wollt d'Diane Adehm net äntweren, si géing dem Waasserwirtschaftsamt net a seng Aarbecht eraschwätzen.