
Lëtzebuerg läit domat weider wäit iwwert dem erkläerten europäeschen Zil vun enger Reduktioun vu 15 Prozent. Dat geet aus dem aktuelle Bilan vum Energieministère ervir.
Och beim Stroum geet de Verbrauch weider erof. Am Februar louch d’Baisse an der Consommatioun bei knapp 9 Prozent par Rapport zur Referenzperiod tëscht 2017 an 2022.