
Dat seet eng däitsch Etude, déi vum Roman Herzog Institut vu München gemaach gouf.
Et handelt sech ëm eng Schätzung, déi dervunner ausgeet, datt en Employé hei am Land 51.113 Stonne a sengem ganzen Aarbechtsliewe schafft.
Op déi meeschte Stonne kënnt Estland mat 71.331 Stonnen.
An Däitschland an an der Belsch gi méi wéi 52.500 Stonne prestéiert. A Frankräich gutt 55.300.
D’Moyenne vun der Europäescher Unioun läit bei 57.342 Stonnen
