An de leschten 10 JoerZu Lëtzebuerg gouf 1 Mannerjärege wéinst fräiwëllegem Doudschlag condamnéiert

RTL Lëtzebuerg
Dat schreiwen d'Ministere Kox, Meisch an Tanson an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fred Keup zum Thema Gewalt bei Mannerjäregen.

Hei ginn d'Ministere fir bannenzegt Sécherheet, Educatioun a Justiz och Zuelen zu Strofdoten, déi ënner "Coups et blessures" respektiv ënner "Vol et extorsion à l'aide de violences" falen. 2020 goufen et deemno 38 Condamnatioune vu Mannerjärege wéinst dëse Strofdoten. Dat waren der 20 méi, wéi dat Joer virdrun.

Iwwert déi lescht 10 Joer gekuckt, goufen et 2012 déi meeschte Condamnatioune wéinst esou Strofdoten, am Ganzen 39. D'Sanktioune vun de Conseils de disciplines an de Lycéeë géifen iwwerdeems net drop hiweisen, datt et eng méi héich Gewaltbereetschaft gëtt, heescht et weider. Deemno wieren 2020-21 13 mol an 2019-20 44 mol Schüler wéinst Gewaltakten an der Schoul sanktionéiert ginn.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum Fred Keup

Back to Top
CIM LOGO