EnergiepräisserZu Lëtzebuerg verduebelt sech de Gaspräis, a Frankräich bleift e limitéiert

RTL Lëtzebuerg
Wat eis konkret u Méikäschten a Punkto Energie erwaart, gouf e Mëttwoch kloer.
© Shutterstock

De Generaldirekter vu Südenergie huet dem Radio 100,7 géintiwwer confirméiert, dass de Gaspräis fir d’Clienten op den 1. Oktober ëm 110 Prozent wäert klammen, also méi wéi dat duebelt wéi aktuell. Bei Encevo, dem gréisste Gas-Distributeur am Land, ass et eng Hausse vun 80%.

A Frankräich huet d’Premierministesch Elisabeth Borne iwwerdeems e Mëttwoch confirméiert, dass de Präisdeckel fir Gas a Stroum bis an dat nächst Joer era verlängert gëtt. De Präis fir de Konsument däerf deemno maximal just ëm 15 Prozent klammen.

Back to Top
CIM LOGO