
No gutt 4 Stonne war de Brand geläscht an den Daach provisoresch gefléckt.
Op der Plaz waren d'Pompjeeën vu Reisduerf, Bettenduerf, Dikrech, der Fiels a Konsdref. Eng Persoun gouf, dem 112 no, beim Tëschefall blesséiert.
En Donneschdeg de Moien ass tëscht Nidderfeelen a Waarken en Auto am Rampli gelant. Eng Persoun gouf blesséiert. D'Pompjeeë vu Feelen an d'Ambulanz vun Ettelbréck waren op der Plaz. Wéi d'Police matdeelt, bleift déi Streck de ganzen Dag gespaart. Eisen Informatiounen no ass Ueleg, respektiv Sprit op der Streck verdeelt, dee muss ewech gebotzt ginn.