
Mëtt der leschter Woch gouf am Steeseler Parc Laval eng Fraeläich fonnt. D’Lëtzebuerger Wort krut dat vum Parquet confirméiert.
Fir d’Identitéit vun der Fra an d’Doudesursaach ze kläre gouf eng Autopsie ordonéiert. Et gëtt keng Indicë fir eng Friemawierkung.
Éischten Erkenntnisser no kéint d’Fra scho méi laang dout sinn. Et kéint sech bei hir ëm eng Persoun handelen, déi schonn zënter enger Zäit vermësst gëtt.